1998 - 2012 : 14 Joër Elterevereenegung "fir ons Kanner"
Leschten Update: 27.04.2012 10:01
"INTERNET SËCHERHEET"
KONFERENZ DEN 6. JUNI UM 19.00
AN DER MEDIATHEIK AN DER SCHOUL
Mei Info an den Aktivitéiten !
D'Sandweiler Elterevereengung stellt sech vir:
Presidentin: Josiane Muller

Sekretär: Jean Thill
Elterevertrieder am Comité d'Ecole

Trésorier: Dan Marx
Elterevertrieder am Comité d'Ecole

Vera Peyer-Winter
Elterevertrieder am Comité d'Ecole

Jörg Thierer
Elterevertrieder am Comité d'Ecole
Member vun der Schoulkommissioun

Weider Comitésmemberen:
Wim Brentjens
Nathalie De Abreu
Paula Das Neves
Marianne Koedinger
Annick Lang
Dany Maller
Carmen Matgen
Luc Rollmann
John Stelmes
Stéphane Salvat
Nele Mayer, membre coopté
Sofie Van Herzeele - Lorusso, membre coopté
Méi iwwert eis vielfälteg Aktivitéiten déi mir bis elo gemaach hun fannt Dir ënnert:
D'Zieler an d'Missioun vun der SEV:
D'SEV setzt sech an éischter Linn fir d'Wuelbefannen vun de Sandweiler Schoulkanner an hirem schouleschen Emfeld an. Doran falen d' Cyclen 1 bis 4 am Ensignement Fondamental. D.h. de Précoce, d'Spillschoul an 1. bis 6. Dës Zäit soll korrekt an sou harmonesch wéi méiglech fir eis Kanner oflaafen.
An aneren Wieder agéiert d'SEV am Mëttelfeld vum Dräieck Schoul, Kanner, Autoritéiten. Mir versichen Problemer z'erkennen an, de Fall gesat, no Léisungsméiglegkeeten ze sichen. Dofir hu mir stets en oppend Ouer fir d'Doléancen vun den Elteren. Eis Missioun ass reng berodent an hengt ëmmer vun der Akzeptanz a vum gudde Wëllen vun eisem Partner of. Mir sin dofir houfreg drop als "Team" Member unerkannt ze sin a Gehéier ze fannen.
D'SEV bedreiwt absolut keng Politk an bedeelegt sech och net un politeschen Themen a Polemiken.
Des Virgehensweis huet eis an denen 13 Joër en héigen Respekt vun de Gemengenautoritéiten an vum Schoulpersonal bruecht. Et huet sech eng an eisen Aen wichteg Vertrauenswürdegkeet entwéckelt déi et eis mëttlerweil erméiglecht op direktem Wee ouni zouen Diren bei eisen Gespréichspartner virstelleg ze gin fir eis Doléancen duerzeléen.
Doniewt hëllt d'SEV sech regelmässeg Themen un déi de Schoulallag verbesseren. Dat geet vun einfachen Sachen wéi z.B. Velosstänner am Schoulhaff bis zu gréisseren Projetën déi héich Investitiounen säitens der Gemeng benéidegen, wéi den neie Schoulhaff oder d'Mediathéik, fir déi wichtegst an de leschten 4 Joër z'ernimmen!
Fir d'Kanner ass dat alljährlecht Schoulfest en Highlight am Schouljoër. De ganze Comité an vill Elteren sin hei un de Virbereedungen an un der Organisatioun bedeelegt.
Desen Daag "offeréieren" d'Elteren an d'Léierpersonal de Kanner. Et ass e riisege Spass fir jidderéen an eng bleiwend Erënnerung.
nach oben
